Resultater an Coupefinalen
26th March 2025
DT Espoir Wiltz
Bei de Landesmeesterschaften Kategorie B-Dubbel Hären gouf et eng zweet Platz fir Karier Dan an Zimmer Christophe. Den Christophe gouff och 3. am Eenzel Hären B. Eis Dammen Dobrikova Dita an Higgins Holly goufen di 3. am Dammen-Dubbel C.
Dann lo schon een wichtigen Termin an der Coque. Den 05.04. an 06.04. gett an der Coque de Final Four fun den diversen Coupe Halleffinalen gespillt. An der Coupe Francois Think (di wichtigst Coupe no der Coupe de Luxembourg) spillt den 05.04 um 18:30h eis 1. Equipe géint den D.T. Bissen. Am Fall fun enger Victoire géif dann d'Finall den 06.04. um 16h gespillt ginn.

